mardi 29 avril 2014

Den "Deiwelsfiels" ass erëm ze gesinn: "Kissin' Rox"


Den Deiwels- (och nach "Pianosfiels" genannt) ass erëm ze gesinn, nodeems de Service Nature et Forêts d'Beem ronderëm deelweis ewech gemaach huet. De Fiels ass eng 80 Meter lénks hannert dem Tuerm uewen an der Hiel (rue des Trois Glands). Wie méi iwwert dës interessant Fielsformatioun weess däerf sech mellen.

La "roche du diable" (ou roche "piano") a été dégagée après des décennies de sommeil et ceci à l'initiative du SILPS. Cette formation rocheuse "jumelle" intéressante et haute de quelque 10 m se trouve sur l'itinéraire Vauban et est visible à 80 m en bifurquant après la tour de la Hiel à gauche (au bout de la Rue des Trois Glands). Elle figurait sur d'anciennes cartes postales de Luxembourg au début du 20e siècle. Bonne visite.

The "Kissing Rocks" are visible again, after a thorough clean-up and after having been hidden for decades. These twin rocks of some 10 m high (kissing nearly each other) are situated on the "Vauban Itinerary" some 80 m on your left-hand side behind the Tower situated at the end of the Rue des Trois Glands. Enjoy the visit.

1904
4.4.2014
2014 














samedi 19 avril 2014

D'Klibberjongen a Meedercher am Asaz


Ons Klibberjongen a Meedercher haten vun en Donneschdeg un bis haut Samschdeg vill Aarbecht, hunn si dach missen 3 Mol am Dag d'Klacken ersetzen an duerch de Quartier mat de Klibbere goen. "D'Klack laut: Muergen/Mëtteg/Owend" hunn si geruff. De leschten Dag goufen et du Séissegkeeten oder soss eppes, nodeems se gesongen hunn: "Dick, dick, dak, muer ass Ouschterdag". Op onsem Facebook kënnt der se héiere sangen. Vill Spaass. Hei eng Foto, wou se op der Muerbels passéieren.





mardi 8 avril 2014

AG vum Interesseveräin de 4. Abrëll: « E Quartier am Ëmbroch"


D’Generalversammlung vum 4. Abrëll 2014 hat eng 30 Leit an d’Jugendherberg ugezunn, déi informéiert goufen iwwer de Lift, d’Renovatioun vun der Rouder Bréck, d’Chantjeeën, de P.A.G., eng Expo am Musee a soss Kuriéises, mee och fir matzediskutéieren. Dem Architekt Nico Steinmetz an dem Ingénieur Claude Peschon e grousse Merci fir déi héich interessant Ausféierungen iwwer de Lift. Merci och un d'Claudia Schroeder, dat d’Iwwersetzung flott gemaach huet. « E Quartier am Ëmbroch", dat wor den Titel vun der Versammlung a wäert ëmmer méi wouer ginn. 


De sellwechten Dag gouf och am Ministerrot den Avant-projet vun der Pafendaller Halt deposéiert. Hei de Link op de leschten Dossier an op de Pressendossier HEI.

D'Presse huet och e Beriicht verfaasst.