D’Generalversammlung vum 4. Abrëll 2014 hat eng 30 Leit an d’Jugendherberg ugezunn, déi informéiert goufen iwwer de Lift, d’Renovatioun vun der Rouder Bréck, d’Chantjeeën, de P.A.G., eng Expo am Musee a soss Kuriéises, mee och fir matzediskutéieren. Dem Architekt Nico Steinmetz an dem Ingénieur Claude Peschon e grousse Merci fir déi héich interessant Ausféierungen iwwer de Lift. Merci och un d'Claudia Schroeder, dat d’Iwwersetzung flott gemaach huet. « E Quartier am Ëmbroch", dat wor den Titel vun der Versammlung a wäert ëmmer méi wouer ginn.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire