mardi 25 décembre 2012

En neit Liewe fir d'Moschterfabrick?


2008-2009 hat sech eng "Waasser op ons Millen"-Initiative am Interesseveräin gegrënnt, déi en Dossier ausgeschafft hat fir déi al Moschterfabrick ze revaloriséieren. Deen Dossier gouf am Mee 2009 dem Schäfferot virgestallt a gouf positiv opgeholl (kuckt méi déif hei ënnen mat Hëllef vun der Recherche "moulin" do uewe lénks). D'Stad huet fir d'éischt missen den Terrain an d'Gebaier ofkafen an elo gouf een avant-projet ausgeschafft an diskutéiert, dee virgesäit en Deel vun der Millen erëm a Stand ze sëtzen an een Deel als Studentewunnengen ze benotzen. Mat e bëssche Chance gesi mer dann an e puer Joer erëm e Stéck vum ale Pafendall opbléien an de leschte Mëller, de René Flohr, wäert sech freeën.

Foto: René Scho