jeudi 6 novembre 2014

Un grand jour pour le Pfaffenthal !


Dëser Deeg gouf mam Bau vun der Struktur vum Tuerm vum Panoramalift ugefaangen. Et ass also endlech esouwäit, de Lift ass um gudde Wee. Op der Foto gesäit een niewent dem Kran d'Eise vum éischten Deelstéck fir an d'Luucht. Gedold an Nerve sinn zwar nach gefuerdert bis et esou wäit ass ... Den Aarbechter, bonne chance fir déi lescht Aventure erop an d'Stad !

Le premier élément de coffrage de la tour de l'ascenseur panoramique a été mis en place ces jours-ci.



lundi 3 novembre 2014

René Magritte au Pfaffenthal?


Le bureau d'urbanistes et architectes Van Driessche de Pfaffenthal affiche de l'humour en apposant sur la façade de ses bureaux le texte "Ceci n'est pas un café", allusion au tableau du peintre surréaliste belge René Magritte "Ceci n'est pas une pipe" (Trahison des images) et au fait que leurs bureaux actuels hébergeaient bien un bistrot à l'époque. Une touche d'humour qui provoquera l'un ou l'autre sourire et permettra d'oublier la grisaille de la saison :-)



mardi 14 octobre 2014

L'école, 3 maisons unifamiliales + appartements inaugurés


Le 3 octobre dernier a eu lieu l'inauguration de l'ancienne école (maintenant cycle 1 du fondamental + foyer scolaire), de trois maisons unifamiliales et d'appartements situés en contrebas et à côté de l'école. Une réussite architecturale et un embellissement du quartier.


!!!   Pour la location des maisons, appartements et emplacements de voitures, voir ICI.  !!!

mardi 9 septembre 2014

D’Matthäuskierch


F

L’église est dédiée à St. Matthieu. Première mention en 1083. En 1804 église paroissiale. Reconstruite en 1872 (arch. Charles Arendt) en style néo-byzantin. Un grand tableau baroque attribué au peintre flamand Gaspard de Crayer (1584-1669) orne le choeur: l’assomption de la Vierge. Laurent Menager (1835-1902), compositeur national, y était titulaire de l’orgue. Le clocher de l’église servait de cachette à six jeunes qui se dérobaient à l’enrôlement forcé dans l’armée allemande pendant la Seconde Guerre mondiale. Les cultes catholique et roumain-orthodoxe s’y pratiquent actuellement.

L

D’Kierch gëtt schonn 1083 ernimmt. 1804 ass se Porkierch ginn. 1872 gouf se vum Arch. Charles Arendt am neo-byzantinesche Stil ëmgebaut. Am Chouer gesäit een eng monumental Mariä Himmelfahrt, déi dem flämesche Moler Gaspard de Crayer (1584-1669) zougeschriwwe gëtt, engem Zäitgenosse vum Rubens. Onsen Nationalkomponist Laurent Menager (1835-1902) war hei Organist. Während dem 2. WK. haten sech am Klackentuerm 6 Jonker verstoppt, déi net wollten an der däitscher Arméi zwangsrekrutéiert ginn. Haut gi kathoulesch a rumänesch-orthodox Massen hei gehalen.


lundi 30 juin 2014

Den neien Oekozenter ass opgaangen !


Den neien Oekozenter gouf Freides, de 4. Juli 2014, offiziell ageweit a Samschdes wor Porte ouverte mat e sëllechen Aktivitéiten. Kommt a kuckt iech dëst interessant Gebei un a profitéiert vun senge sëlleche Beroder an der Bibliothéik, z.B.



Rendez-vous dans le nouveau bâtiment du mouvement écologique. Plein d'idées et de documentation vous y attendent en matière d'écologie, de vélo, etc.. Adresse: 6, rue Vauban.



mercredi 18 juin 2014

D'Muerbelsmille gëtt revaloriséiert !


De 16.6.2014 huet de Gemengerot eestëmmeg den definitive Projet guttgeheescht, dee Studentewunnegen an en Deelopbau vun der Millenanlag op der Muerbels am Dällche virgesäit (zur Lescht wor do d'Moschterfabrick ënnerbruecht) . De Syndicat ass frou, datt no der Presentatioun vun hirem Dossier an der Gemeng am Mee 2009, elo Neel mat Käpp gemaach ginn an esou een historesche Patrimoine vum Quartier erëm oplieft. D'Aarbechte hunn 2015 ugefaangen an d'Aweiung ass am Hierscht 2017 virgesinn.

Plan: © Planet+, architectes

samedi 10 mai 2014

Fliederchesdag 10. Mee 2014


Fliederchesdag, den 10. Mee 2014 an der Sichenhaffer Kapell, wou och déi nei Klacken zu Éiere vun onsem verstuewenen Éierepresident Fernand Théato fir d'éischte Kéier gelaud hunn.


mardi 29 avril 2014

Den "Deiwelsfiels" ass erëm ze gesinn: "Kissin' Rox"


Den Deiwels- (och nach "Pianosfiels" genannt) ass erëm ze gesinn, nodeems de Service Nature et Forêts d'Beem ronderëm deelweis ewech gemaach huet. De Fiels ass eng 80 Meter lénks hannert dem Tuerm uewen an der Hiel (rue des Trois Glands). Wie méi iwwert dës interessant Fielsformatioun weess däerf sech mellen.

La "roche du diable" (ou roche "piano") a été dégagée après des décennies de sommeil et ceci à l'initiative du SILPS. Cette formation rocheuse "jumelle" intéressante et haute de quelque 10 m se trouve sur l'itinéraire Vauban et est visible à 80 m en bifurquant après la tour de la Hiel à gauche (au bout de la Rue des Trois Glands). Elle figurait sur d'anciennes cartes postales de Luxembourg au début du 20e siècle. Bonne visite.

The "Kissing Rocks" are visible again, after a thorough clean-up and after having been hidden for decades. These twin rocks of some 10 m high (kissing nearly each other) are situated on the "Vauban Itinerary" some 80 m on your left-hand side behind the Tower situated at the end of the Rue des Trois Glands. Enjoy the visit.

1904
4.4.2014
2014 














samedi 19 avril 2014

D'Klibberjongen a Meedercher am Asaz


Ons Klibberjongen a Meedercher haten vun en Donneschdeg un bis haut Samschdeg vill Aarbecht, hunn si dach missen 3 Mol am Dag d'Klacken ersetzen an duerch de Quartier mat de Klibbere goen. "D'Klack laut: Muergen/Mëtteg/Owend" hunn si geruff. De leschten Dag goufen et du Séissegkeeten oder soss eppes, nodeems se gesongen hunn: "Dick, dick, dak, muer ass Ouschterdag". Op onsem Facebook kënnt der se héiere sangen. Vill Spaass. Hei eng Foto, wou se op der Muerbels passéieren.





mardi 8 avril 2014

AG vum Interesseveräin de 4. Abrëll: « E Quartier am Ëmbroch"


D’Generalversammlung vum 4. Abrëll 2014 hat eng 30 Leit an d’Jugendherberg ugezunn, déi informéiert goufen iwwer de Lift, d’Renovatioun vun der Rouder Bréck, d’Chantjeeën, de P.A.G., eng Expo am Musee a soss Kuriéises, mee och fir matzediskutéieren. Dem Architekt Nico Steinmetz an dem Ingénieur Claude Peschon e grousse Merci fir déi héich interessant Ausféierungen iwwer de Lift. Merci och un d'Claudia Schroeder, dat d’Iwwersetzung flott gemaach huet. « E Quartier am Ëmbroch", dat wor den Titel vun der Versammlung a wäert ëmmer méi wouer ginn. 


De sellwechten Dag gouf och am Ministerrot den Avant-projet vun der Pafendaller Halt deposéiert. Hei de Link op de leschten Dossier an op de Pressendossier HEI.

D'Presse huet och e Beriicht verfaasst.




mardi 25 février 2014

Klackewei - Baptême de cloches - Glockenweihe


Le samedi 15 mars 2014 a eu lieu un événement unique en l'église paroissiale de Luxembourg-Pfaffenthal. En effet, deux nouvelles cloches destinées à la Chapelle de Siechenhof ont été consacrées dans le cadre d'une cérémonie réunissant de nombreuses personnalités. Ces cloches ont pu être réalisées grâce aux dons effectuées à l'occasion du décès de Monsieur Fernand Théato le 8 juin 2012. Historien local et président d'honneur de notre Syndicat il chérissait ce voeu depuis longtemps. L'événement fut encadré musicalement et magistralement par les petits-enfants du défunt.

                                  
                                     Les deux nouvelles cloches (Do, La)
          
            L'ancienne cloche conservée au MHVL.















VOICI quelques photos prises par Claudine Bosseler.

dimanche 12 janvier 2014

Composition historique du C.A. du Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof


Hei gesidd der, wéi de Komitee vum Interesseveräin vum Ufank u bis haut evoluéiert huet (50 Joer).

                                                        (Photo: Claudine Bosseler)