samedi 30 avril 2022

Le traditionnel "Fliederchesdag" se fête à nouveau


D’Sichenhaffer Kiermes wor fréier deen Dag wou, dräi Wochen no Ouschteren, och de «Fliederchesdag» wor, e Brauch deen un d’Leit mat Aussaz, also Leprakranker, sollt erënneren. Dëse Brauch geet zréck an d’Zäit wou vun 1238 u bis 1770 eng Aussäzege-Statioun um Sichenhaff stoung. Den Numm Lepra bedeit u sech «Sieche».

Fir deene betraffene Leit ze hëllefen, hu Bierger aus dem Quartier an aus der Uewerstad all Joer eng Aart karitatiivt Wierk agefouert. Eeërfliedercher, en Diminutiv vu Flued, goufe gebak an zum Verkaf ugebueden. Den Erléis koum de Siechen dann zegutt. Den Numm «Blatzfliedercher» fënnt een och alt nach an deem Kontext an ass eng Allusioun un déi verblatzten Ae vun deene betraffene Persounen, déi dacks och nach blann gi sinn.
Dës Traditioun wor an de Vergiess geroden, den Ed. de la Fontaine huet se beschriwwen, an an de 70-er Joren hat den Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff d’Iddie nees opgegraff a se, op eng liicht verännert Manéier, nees opliewe gelooss. Den Dag selwer huet eng Rei verschidden Nimm, wéi: Fliederchesdag, Sichenhäffersdag, Sicheleitsdag oder och nach Sichenhaffer Kiermes.
Dëse Samschdeg de 7. Mee ass et nees esouwäit, no 2 Joer Pandemie. Um 17 Auer ass dann an der historescher an éierwierdeger Sichenhaffer Kapell nees eng kleng Feier. De Paschtouer kënnt no der Oktavmass erof a seent d’Fliedercher. D’Fliedercher gi verdeelt a jiddereen ass gebieden eng kleng Spend ze maache fir de Leit aus der Ukrain ze hëllefen. De musikaleschen Encadrement gëtt vun der Chorale Ste. Cécile geleescht.
Duerno bitt den Interesseveräin e klengen Tour iwwert déi zwee Sichenhaffer Kierfechter un, wou een déi bemierkenswäertst Griewer da kuerz erkläert kritt.
Jiddereen ass frëndlechst agelueden.



Une assemblée générale 2022 réussie

 

Même si le nombre de participants se situait seulement à quelque 16 personnes, sans le CA du SILPS, Un bon échange d'idées a eu lieu lors de l'AG du SILPS en date du 22.04.2022 au moulin Muerbelsmillen. Le CA fut reconduit et les rapports approuvés. L'accent a été mis sur la nouvelle place centrale, dite Spidolsgaart, en cours de construction en face de l'église et le Urban History Festival, organisé par le Luxembourg City Museum en date des 18 et 19 juin dans le quartier. A ne pas manquer!


mercredi 13 avril 2022

Quelques activités programmées en 2022 dans le quartier



-  VE 22.04.2022: assemblée générale du Syndicat à 18h30 au Muerbelsmillen

-  DI 01.05.2022: "Europadag" avec le Lions Club Alstad (circuit Kirchberg, Clausen, Pfaffenthal)

-  SA 07.05.2022:  le traditionnel "Fliederchesdag" se tiendra à 17h00 à la Chapelle du Siechenhof

-  VE 20.05.2022: Fête des voisins/"Nopeschfest"    

-  mai/juin:      Concours "Vallée fleurie"

-  VE 03.06.2022: "Quartiersfest" de l'Atelier Zeralda

-  SA 18.06.-DI 19.06.2022: "Urban History Festival" organisé par le "Lëtzebuerg City Museum" dans le quartier avec de multiples attractions, visites, concours, expositions, artistes, Waasserdréierlaf, etc.

Autres dates: à suivre