dimanche 20 mai 2018

Une place centrale pour le quartier à l'étude


Den 18. Abrëll 2018 wor bei ons eng Biergerbedeelegungsversammlung vun der Gemeng fir d'Ëmgestaltung vun onser Zentralplaz vis-à-vis vun der Kierch. Et soll eng méi oppe Plan ginn.
Den Numm fir déi nei Plaz huet den Interesseveräin proposéiert a.z. SPIDOLSGAART.

Fréier wor op däer Plaz de sougenannte "Spidolsgaart" vum Militärspidol, dat de Vauban 1687 do erbaue gelooss huet. Et wor dat gréisste Militärgebai vun der Festung Lëtzebuerg.
Spéider ass dëst Gebai als Kasär genotzt ginn an 1867 ass d’Gebai (an d’Plaz) un de Lëtzebuerger Staat iwwergaangen. Lues a lues ass et verfall a, bis op 2 Mauere, komplett verschwonnen.

Den Interesserveräin huet 2017 de Projet "Zentralplaz" beim Schäfferot ugestouss an d'Gemeng huet an 2 Biergerbedeelegungssëtzungen an och zesumme mat ons diskutéiert an de Projet ausgeschafft. An enger 3. Sëtzung, déi spéider stattfënnt, ginn nach d'Detailer fir z.B. d’Spillplaz an de Sprangbuer ausgeschafft.
D'Plaz soll vun dräi Säiten op sinn, a wa keng Festivitéiten si, kann och op enger Säit drop geparkt ginn. D’Haaptzil ass et natierlech eng oppe Plaz ze schafe wou d’Leit sech kënnen treffen, duerchquieren ouni Ëmwee iwwer d'Vaubansgaass (och mam Velo), diskutéiere, spille, feieren a sech austauschen.
Virun der Kierch kënnt de Pavé ewech an do gëtt e Plateau um selwechten Niveau wéi d'Plaz gemaach, fir datt d'Leit och do méi lues solle fueren.

Hei eng éischt Simulatioun vum Projet déi d’Gemeng erstallt huet: Eng Kéier als normal Zentralplaz an eng Kéier wann een e Fest drop organiséiert. Doduerch gëtt de Quartier sécher opgewäert a méi attraktiv.




mercredi 16 mai 2018

Inondations à la rue Mohrfels


Les 29 avril, 14 mai, 1er et 9 juin 2018 des pluies torrentielles ont fait déborder les canalisations/égout en certains endroits du quartier et notamment dans la section nord de la rue Mohrfels. Les caves, garages, rues, cours et places étaient inondées jusqu'à plus d'un mètre au-dessus du niveau de la rue. Les dégâts sont importants. Les pompiers locaux sont intervenus pour endiguer quelque peu la catastrophe. Merci pour leur intervention. Le 15 mai Madame le Bourgmestre s'était rendue sur les lieux et a promis 1) une indemnisation pour les sinistrés et 2) une enquête pour trouver la cause exacte de ce phénomène extraordinaire. Le Service de la Canalisation opérera des nettoyages, purges, analyses, radiographies et études pour améliorer la situation. La presse s'est fait écho de l'événement et le syndicat est intervenu le 4 mai auprès de la Ville pour trouver une solution concrète et solide au problème. Un formulaire de demande d'indemnisation se trouve ci-dessous. Des aménagements ont été effectués entretemps et seront encore entrepris d'ici la fin de l'année. Une étude plus globale sur l'origine des eaux abondantes sera lancée par la Ville.




dimanche 6 mai 2018

Konferenz am Tuerm


Den 3. Mee 2018 huet den Här Henri Wehenkel, Historiker, Politiker a pensionéierte Geschichtsprofesser, fir ons Memberen a Sympathisanten eng Konferenz iwwert d'Kommunarden-Denkmol um Sichenhaffer-Kierfecht gehalen. Eng 21 Leit hunn de Sall vun der Sichepuert gefëllt a si komm fir dës wichteg Zäit vun onser Geschicht z'entdecken. E merci och un d'Mme Kies, Presidentin vun den Amis de la Commune de Paris 1871, an un de Service des Sites et Monuments Nationaux.