lundi 23 mai 2016

L'explosion du 30 mai 1976 à Luxembourg-Pfaffenthal


Le 30 mai 1976: une explosion terrible secoue le Pfaffenthal … il y aura 40 ans

C’est par erreur qu’un chauffeur d’une société de transports a déversé le 30 mai 1976 à Cessange 10.000 l d’essence dans la canalisation au lieu d’un réservoir. Les gaz se sont répandus dans le système de la canalisation jusqu’à la rue du pont au Pfaffenthal et une étincelle d’un compresseur de réfrigérateur a fait exploser le mélange. Le bilan de l’explosion se soldait par trois morts, 25 blessés et 17 maisons détruites. Cette année nous commémorons le 40e anniversaire de cette catastrophe ayant laissé ses traces terribles dans notre quartier. Les noms des victimes apparaissent sur une plaque apposée près de l’endroit du sinistre.

Den 30. Mee 1976: eng fuerchtbar Explosioun am Pafendall … et ginn elo 40 Jor

E Chauffeur vun enger Transportfirma hat iertëmlecherweis den 30. Mee 1976 zu Zéisseng 10.000 l Bensin an d'Kanalisatioun geschott anstatt an en Tank. D'Gasen hunn sech duerch de Kanal erof bis an d'rue du Pont am Pafendall verdeelt an duerch ee Fonke vun engem Kill-Aggregat ass dat Gemësch explodéiert. 3 Doudeger, 25 Blesséierter a 17 zerstéiert Haiser ass de Bilan. Dëst Joer ginn et 40 Joer datt et geschitt ass an eng Commemoratiounsfeier gëtt gehalen, wou un d’Affer vun dëser schrecklecher Katastroph geduecht gëtt. D’Nimm vun den Affer stinn op enger Plaque déi no bei der Plaz vum Accident ubruecht ass.
(Copie photo: Marcel Brillon)

(Hei e Reportage op RTL Hei elei kuck elei 10 Joer derno (ab der Minute 22 kucke w.e.g.)

Kommunardefeier den 30. Abrëll 2015


D'Stater Sozialisten haten op hir traditionnell "Fête des Communards" invitéiert, déi den 30.4. um Sichenhaffer Kierfecht stattfonnt huet. Am Cortège goung et vum Pafendaller Zentrum op de Sichenhaff, wou no Urieden a Gesank, mat Harmonikabegleedung, Gerben niddergeluecht goufen als Erënnerung un di 3 Kommunarden déi no 1871 hei gestuerwe sinn.


Fliederchesdag 2016


Wéi all Joer wor och dësen 1. Oktavsamschdeg den traditionelle Fliederchesdag an der Sichenhaffer Kapell. D'Mass gouf vum Cäecilieveräi gesongen an d'Fliedercher, - eng Erënnerung un d'Zäit wou Fliedercher fir déi Aussätzeg verkaf goufe -, goufe verdeelt. Dëst Jor huet den Atelier Zeralda se gebak. Eng Traditioun déi eenzeg zu Lëtzebuerg ass an an de 70er Joren erëm nei belieft gin ass. Méi Informatioune kënnt dir ënner pafendall@hotmail.com ufroen.