lundi 29 avril 2013

De Canyon vum Lift wiisst a wiisst .....


Les travaux d'excavation du canyon pour l'ascenseur panoramique avancent (enfin). La fin des travaux est programmée pour l'été 2015. Voici trois photos du canyon prises le 28.4., le 22.7. et le 9.9.2013.




dimanche 28 avril 2013

"Du Traité de Versailles à la Pax Schuman" par H.E. Elting et A. de Labarre


Voici un texte édité par les auteurs mentionnés ci-dessus, à l'occasion du 70e anniversaire de la Déclaration de Robert Schuman du 9 mai 1950. Père de l'Europe communautaire et premier Président du Parlement Européen. Veuillez lire en page 19: 1940 au lieu de 1040. Merci.

Ons 120-jäereg Kiefer huet net iwwerlieft


Leider huet déi méi wéi 120 Joer al nord-amerikanesch Kiefer am Staterbierg et missen opginn. Si hat kee Saaft a keng Kraaft méi, wéinst engem Befall oder Manktem u Waasser oder Fiichtegkeet. De 26. Abrëll huet se missen dru gleewen. Si gouf, méi wéi sécher, no der Schläifung vun der Festung ëm 1880 vum Edouard André, de Paräiser Paysagiste deen och de Parc entworf huet, gesat a wäert nach déi eenzeg gewiescht sinn um Territoire vun der Stad. Zwou anerer goufe viru Joere bei der Amalia vum Wand ëmgehäit.


Photos: J.A. Stammet

mardi 9 avril 2013

Brandgässel: mir hunn erëm eng !


D'Stad huet e Schëld ubruecht an der Gässel déi vun der Muerbels erop op d'Kräizung Staterbierg, Sosthène Weis-Strooss a Laurent Menager-Strooss féiert. Déi Gaass gëtt esou genannt, well fréier goufen d'Eemere Waasser vun der Uelzecht do erop gedroen am Fall vun engem Brand an der Stad. Fir weider Lëtzebuerger Stroossen- a Plazennimm aus dem Quartier ze fannen, kuckt HEI.
----
Il s'agit d'une petite venelle via laquelle les seaux d'eau ont été transportés en Ville en cas d'incendie. Elle se situe à la rue Mohrfels en direction de la Montée du Pfaffenthal.



jeudi 4 avril 2013

Den Zuang's Jang huet ons fir ëmmer verlooss



Mat Bestierzung krute mer d'Nouvelle, datt onse laangjärege President an Éierepresident, Jang Zuang, onerwaart gestuerwen ass. Hie wor President, mat Ënnerbriechung, vun 1991 un a wor e jovialen, hëllefsbereete Mënsch. Fir munech Clipp huet hien sech agesaat an dofir gesuergt, datt et weider gaangen ass. Den Dällchen ass him vill schëlleg a mir wäerten hien ni vergiessen.