mercredi 27 septembre 2017

D'Muerbelsmillen ass nees operstanen


De 26. September 2017, no 30 Joer Stëllstand, gouf d'Muerbelsmillen ageweit an ass fir de Public Samschdes a Sonndes vun 14 - 18 Auer gratis zougänglech. D'Waasserrat an d'Steng kënnen erëm stonneweis dréien. Eng flott Experienz fir d'Millewiesen, d'Moschterproduktioun an d'Geschicht vun der Mille kennenzeléieren. Vill Exponate vu fréier sinn och do ze gesinn. Op Nofro ginn och privat Visiten organiséiert. Famille mat Kanner si wëllkomm. Hei ee klenge Film.


Fotoe vun der Aweiung fënnt een hei op RTL.


Den Oekofestival am Pafendall


Vum 22. September bis den 23. September 2017 huet den Oekofestival am Pafendall stattfonnt. Konferenzen, Visites guidées, Concerten, Diskussiounsronnen, Stänn, Artisten, Kabarettisten, asw. hunn déi zwee Deeg laang, bei guddem Wieder, de Pafendall an e flott Liicht geréckelt. Detailler op www.meco.lu. Och Pafendaller Artisten, wéi d'Anneke Walch (Gravuren) an de Robert Granella (sculpteur sur pierre) an onsen eenzegen Dauwenziichter de Marcel Pickel wore mat dobäi.



mercredi 13 septembre 2017

Piste cyclable Pescatore/Pont GD Charlotte


Depuis fin juillet 2017, une piste cyclable/piétonnière relie le Parc Pescatore au Pont Grande-Duchesse Charlotte, facilitant ainsi la connexion entre les quartiers du Kirchberg et du Limpertsberg à la sortie de l'ascenseur panoramique du Pfaffenthal. Il s'agit d'une voie sécurisée, car hors du trafic motorisé, qui complète ainsi la chaîne de la mobilité douce. Profitez-en.


lundi 11 septembre 2017

Lift / ascenseur / Elevator


NOUVEAU: L'App de la Ville de Luxembourg vous donne l'horaire de l'ascenseur panoramique du Pfaffenthal et vous pouvez recevoir des notifications en cas de panne et de fin de panne. Voir sous Mobilité.

NEI: Op der App vun der Stad gesidd dir d'Öffnungszäite vum Panorama-Lift an dir kënnt eng Push-Notification astelle fir e Message ze kréien am Fall wou en en Panne ass. Ënner Mobilitéit kucken.

NEW: The City's App allows you to get the opening hours of the panoramic elevator and you may register there in order to obtain a push-notification in the case of a disruption/termination. See under Mobility.

NEU: Die Stadt Luxemburg-App veröffentlicht, unter Mobilität, die Öffnungszeiten des Pfaffenthaler Panoramalifts und ermöglicht die Einstellung einer Push-Notification zwecks Mitteilung einer Panne und deren Ende.