lundi 30 juin 2014

Den neien Oekozenter ass opgaangen !


Den neien Oekozenter gouf Freides, de 4. Juli 2014, offiziell ageweit a Samschdes wor Porte ouverte mat e sëllechen Aktivitéiten. Kommt a kuckt iech dëst interessant Gebei un a profitéiert vun senge sëlleche Beroder an der Bibliothéik, z.B.



Rendez-vous dans le nouveau bâtiment du mouvement écologique. Plein d'idées et de documentation vous y attendent en matière d'écologie, de vélo, etc.. Adresse: 6, rue Vauban.



mercredi 18 juin 2014

D'Muerbelsmille gëtt revaloriséiert !


De 16.6.2014 huet de Gemengerot eestëmmeg den definitive Projet guttgeheescht, dee Studentewunnegen an en Deelopbau vun der Millenanlag op der Muerbels am Dällche virgesäit (zur Lescht wor do d'Moschterfabrick ënnerbruecht) . De Syndicat ass frou, datt no der Presentatioun vun hirem Dossier an der Gemeng am Mee 2009, elo Neel mat Käpp gemaach ginn an esou een historesche Patrimoine vum Quartier erëm oplieft. D'Aarbechte hunn 2015 ugefaangen an d'Aweiung ass am Hierscht 2017 virgesinn.

Plan: © Planet+, architectes