vendredi 25 octobre 2019

Studiërees op Tréier 19.10.2019


Ons alljäerlech Studiërees mam "Bürgerforum Saarbrücken" huet ons dëst Joer op Tréier geféiert. Den neie Burgundervéierel, de Petrisbierg, den ÖPNV, Zurlaubener Ufergestaltung an d'Paulusplaz stoungen op der Agenda. Fënnef qualifizéiert Referenden/Architekten, vum "Forum Trier" engagéiert, haten sech d'Méi gi fir all Detailer z'explizéieren. Bravo a Merci.


Ourdaller Moschterfabrick


Den 28. September 2019 konnten ons Memberen eng Besichtegung von der Kalborner Moschterfabrick matmaachen. Eng héichinteressant Demonstratioun krute mer do iwwert d'Produktioun vom Moschter. Nom Iesse goung et dunn nach op Klierf an d'Ausstellung. Eng memorabel Faart mat Zuch a Bus !