vendredi 21 septembre 2018

Le City shuttle - premier bus autonome de la Ville au Pfaffenthal


L'inauguration du premier bus autonome de la Ville de Luxembourg a eu lieu le 20 septembre 2018 en présence de nombreuses personnalités de la Ville de Luxembourg. Il circulera de 6h00 à 21h00 du lundi au vendredi et desservira le lift, l'arrêt Pfaffenthal-Kirchberg et le cimetière des Bons-Malades. Le service sera assuré en mode "accompagné", donc point besoin d'hésiter à se lancer dans cette nouvelle aventure.

 

dimanche 16 septembre 2018

Le tramway - une rame


Chiffres-clé

Constructeur = CAF Construcciones y Auxiliar de Ferrocariles, Saragossa
Force motrice = 100% électrique
Largeur           = 2,65 m
Longueur = 45 m
Capacité max. = 420 passagers
Portes            = 16 doubles, 8 de chaque côté
Poids 1 rame   = 64 tonnes
bogies             = 3 moteurs de 5,3 t + 1 porteur
défibrillateur   = semi-automatique
port USB = entre chaque banquette de 2 sièges
2 cabines = bidirectionnel


dimanche 2 septembre 2018

Un nouveau panneau près de l'arrêt Pfaffenthal-Kirchberg


Afin de mieux pouvoir s'orienter, les CFL ont mis à notre disposition une vitrine/Raider pour afficher des informations en bas des ascenseurs de l'arrêt Pfaffenthal-Kirchberg. Lynn Cosyn a adapté le plan affiché près de l'ascenseur et il a maintenant été apposé en double face. Merci aux sponsors et aux CFL.


De Parc Pescatore, den neie Virgäertche vum Dällchen JAS/GF 26/08/2019



De Parc Pescatore, den neie Virgäertche vum Pafendall          

Fir aus der Uewerstad an de Pafendall ze goen huet ee musse fréier deen een oder anere beschwéierleche Bierg erof trëppelen.  Mam Panorama-Lift, deen iwwer eng Passerelle zënter 2016 mam Pescatore-Parc verbonnenen ass, ass dëse Wee elo einfach ginn.

Parallel zur Installatioun vum Lift huet d’Stad Lëtzebuerg nobäi 1 Millioun Euro an de Parc selwer investéiert an et kann een do munch interessant Detailer entdecken.

Wann een aus der Stad erbäi de Parc iwwer d’Avenue Pescatore betrëtt, gesäit ee virun sech dat imposant Gebai vun der Fondatioun.   Säi Stëfter, de Jean-Pierre Pescatore (1793-1855), hat e grousst Verméigen als Banquier an Tubakshändler zu Paräis opgebaut.  Nieft enger räicher Konschtsammlung hat hien der Stad Lëtzebuerg 500.000 Frang vermaach mat der Oplo e Seniorenheem ze bauen.  Deen éischten Deel vum Gebai ass 1892 opgaangen.  An den Ecke lénks a riets vun der Fassad gesäit een e Fraen-, respektiv e Männer-Kapp, déi op d’Separatioun tëschent de Geschlechter deemools hindeiten.  Am haitege Restaurant hat den Generol George S. Patton säi Kaartesall, vu wou aus am 2. Weltkrich d’Truppe vun den Alliéierten wärend der Ardennen-Offensiv kommandéiert goufen.  An der Kapell iwwert der Entrée huet de Generol fir besser Wiederkonditioune gebiet.  Säi fair wheather prayer hänkt haut nach an der Kapell. 

An der Maierche  laanscht d’Fondatioun gesi mer riets vun der Entrée e ronnen Tiermchen (anstatt en normale Pilier, deen d’Gelänner op der Maierchen dréit). Dat ass nach e Belüftungsschacht vun de Kasematte vum Fort Berlaimont, deen op där Plaz stoung. D’Trap erof zu dëse Kasematten ass net wäit ewech, a Richtung Zentralbank, nach am Parc ze gesinn.

Lénks vun der Avenue luet eng flott Plaz mat Bänken a faarwege Waasserfontänen zum Raschten an.  Verschidde Bänke sinn extra méi héich, fir eeler Leit d’Sëtzen ze vereinfachen. Hei steet och d'Skulptur L’Accord déi vum Lucien Wercollier, zu Éiere vum Moler Joseph Kutter (1894-1941), entworf ginn ass. Si gouf 1969 a Presenz vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte ageweit.

Eng kleng Stèle, déi net wäit ewech vun de Waasserspiller steet, erënnert un d’Divisioune vun den Alliéierten, déi wärend der Ardenne-Schluecht an onse Géigende gekämpft hunn.

Riets vun der Avenue, geet e Wee a Richtung Passerelle.  Dëse Wee verbënnt och de Park mat dem Vëlos- a Foussgängerwee, deen iwwert de Plateau Bellevue op d’Rout Bréck féiert.  Vum Plateau aus huet een eng schéi Vue iwwert den Dällchen op de Kierchbierg. D’Weeër sinn Owes beliicht a sou gezunn, dass déi zum Deel bemierkenswäert al Beem erhale bloufen.  E Beispill ass de Bam vum Prënz Jean. Dëse Käschtebam gouf bei Geleeënheet vun der Gebuert vum spéidere Groussherzog de 5. Januar 1921 geplanzt. D’Parke goufen, no der Schleefung vun der Festung, vum Paräisser Landschaftsgäertner Edouard André entworf.

An dësem Deel vum Parc gesi mir och e weidert Konschtwierk: dem Jean-Bernard Métais seng imposant Skulptur Passe-muraille déi 2006 ageweit gouf.  Si besteet aus zwou getrennte Schuelen aus Bronze. D'Skulptur, déi ee betriede kann, huet en Duerchmiesser vu 6 Meter an 8000 Lächer an der Kuppel. Si soll de Charakter vum Lëtzebuerger ausdrécken: eng Grimmel a sech gekéiert, awer och op fir kënnen z'iwwerliewen. Dass si um Site vun enger fréierer Befestegungsanlag (dem Fort Berlaimont) steet, kann een och als Verbindung tëschent der Vergaangenheet  an der Zukunft vun der Stad deiten.

Als Agank zur Passerelle vum Lift steet e Bëtongsblock, och nach "Pavillon" genannt. Niewent senger ästhetescher a Sécherheetsfunktioun (et soll keen op den Daach vun der Passerelle kënne klammen), muss dëse Block d’Deenungskräfte vun der Passerelle opfänken, sou datt si de Lift-Tuerm net kënnen no vir drécken. 

Duerch de Panorama-Lift krut de Parc Pescatore, eng besonnesch gelongen Opwäertung. En ass souzesoen zum Virgäertche vum Dällche ginn, wou d’Touriste vu wäit a no an d’Awunner aus dem Pafendall sech dagdeeglech begéinen. Notéiere mer nach, datt den 22. Juli 1891 eng international landwirtschaftlech Ausstellung do stattfonnt huet an der Präsenz vum Groussherzog Adolf. Wäiner, net nëmme vun der Musel, mee och aus de Kantonen Iechternach a Veiane goufen do kredenzt 1. Deemools muss also och scho méi do lass gewiescht sinn.

————————————

Source:

1 Brochure: Footballclub Mansfeldia Clausen Cinquantenaire 1919-1969: Das Leben in Luxemburg um die Jahrhundertwende, gesammelt von A. Arnoldy