lundi 26 mars 2018

En Dokumentatiounssall vum Pafendall-Sichenhaff


An der Muerbelsmille krut den Interesseveraïn e Sall zur Verfügung gestallt fir en Doku- an Archivsall opzebauen. Nom Plënnere vum Fernand Théato sengem Archiv, an engem 1. Deel vum eegenen Archiv, gouf haut mat dem Ophuele vun den Donneeën an engem elektronesche Fichier ugefaangen. Et ass eng Indexierung mat Schlësselwierder. Spéider kann dat Ganzt digitaliséiert ginn. De Lucien Heger aus dem Sang a Klang war bereet dem Jender Stammet eng Hand mat unzepaaken. Villmools merci. All déi Leit déi wëllen Dokumenter, Saache, Fotoen, etc. iwwer de Quartier oftriede, kënne sech ënner pafendall@hotmail.com mellen. Merci am Viraus. De Sall dréit provisoresch den Numm: THALENSIA KUSCH. Eng Uspillung u "Luxemburgensia", verbonne mat dem jéinesche Wuert "Kusch" fir e klengt Zëmmer.


jeudi 22 mars 2018

D'Stopp an der Pafendaller Kierch - projection-conférence


Den 23.2. an de 16.3.2018 hat den Interesseveräin, zesumme mam Atelier Zeralda, op d'Projektioun vum DVD iwwert di 6 Refraktären aus der Kierch (1943/44) an d'Sichepuert invitéiert. Eng 50 Leit konnten sech dësen historeschen DVD, deen am Opdrag vum CNA gedréit gouf, ukucken. An der 2. Sessioun gouf nom Film nach en interessante Virtrag vum Pr. Jeff Baden iwwert ee vun de Refraktären, dem Här Vic. Fischbach, deen hie perséinlech kannt huet, gehalen.