dimanche 20 mai 2018

Une place centrale pour le quartier à l'étude


Den 18. Abrëll 2018 wor bei ons eng Biergerbedeelegungsversammlung vun der Gemeng fir d'Ëmgestaltung vun onser Zentralplaz vis-à-vis vun der Kierch. Et soll eng méi oppe Plan ginn.
Den Numm fir déi nei Plaz huet den Interesseveräin proposéiert a.z. SPIDOLSGAART.

Fréier wor op däer Plaz de sougenannte "Spidolsgaart" vum Militärspidol, dat de Vauban 1687 do erbaue gelooss huet. Et wor dat gréisste Militärgebai vun der Festung Lëtzebuerg.
Spéider ass dëst Gebai als Kasär genotzt ginn an 1867 ass d’Gebai (an d’Plaz) un de Lëtzebuerger Staat iwwergaangen. Lues a lues ass et verfall a, bis op 2 Mauere, komplett verschwonnen.

Den Interesserveräin huet 2017 de Projet "Zentralplaz" beim Schäfferot ugestouss an d'Gemeng huet an 2 Biergerbedeelegungssëtzungen an och zesumme mat ons diskutéiert an de Projet ausgeschafft. An enger 3. Sëtzung, déi spéider stattfënnt, ginn nach d'Detailer fir z.B. d’Spillplaz an de Sprangbuer ausgeschafft.
D'Plaz soll vun dräi Säiten op sinn, a wa keng Festivitéiten si, kann och op enger Säit drop geparkt ginn. D’Haaptzil ass et natierlech eng oppe Plaz ze schafe wou d’Leit sech kënnen treffen, duerchquieren ouni Ëmwee iwwer d'Vaubansgaass (och mam Velo), diskutéiere, spille, feieren a sech austauschen.
Virun der Kierch kënnt de Pavé ewech an do gëtt e Plateau um selwechten Niveau wéi d'Plaz gemaach, fir datt d'Leit och do méi lues solle fueren.

Hei eng éischt Simulatioun vum Projet déi d’Gemeng erstallt huet: Eng Kéier als normal Zentralplaz an eng Kéier wann een e Fest drop organiséiert. Doduerch gëtt de Quartier sécher opgewäert a méi attraktiv.




Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire