mardi 8 avril 2014

AG vum Interesseveräin de 4. Abrëll: « E Quartier am Ëmbroch"


D’Generalversammlung vum 4. Abrëll 2014 hat eng 30 Leit an d’Jugendherberg ugezunn, déi informéiert goufen iwwer de Lift, d’Renovatioun vun der Rouder Bréck, d’Chantjeeën, de P.A.G., eng Expo am Musee a soss Kuriéises, mee och fir matzediskutéieren. Dem Architekt Nico Steinmetz an dem Ingénieur Claude Peschon e grousse Merci fir déi héich interessant Ausféierungen iwwer de Lift. Merci och un d'Claudia Schroeder, dat d’Iwwersetzung flott gemaach huet. « E Quartier am Ëmbroch", dat wor den Titel vun der Versammlung a wäert ëmmer méi wouer ginn. 


De sellwechten Dag gouf och am Ministerrot den Avant-projet vun der Pafendaller Halt deposéiert. Hei de Link op de leschten Dossier an op de Pressendossier HEI.

D'Presse huet och e Beriicht verfaasst.




Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire