samedi 19 avril 2014

D'Klibberjongen a Meedercher am Asaz


Ons Klibberjongen a Meedercher haten vun en Donneschdeg un bis haut Samschdeg vill Aarbecht, hunn si dach missen 3 Mol am Dag d'Klacken ersetzen an duerch de Quartier mat de Klibbere goen. "D'Klack laut: Muergen/Mëtteg/Owend" hunn si geruff. De leschten Dag goufen et du Séissegkeeten oder soss eppes, nodeems se gesongen hunn: "Dick, dick, dak, muer ass Ouschterdag". Op onsem Facebook kënnt der se héiere sangen. Vill Spaass. Hei eng Foto, wou se op der Muerbels passéieren.





Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire