mercredi 22 avril 2020

#KannerOKanner: En neit Buch iwwert de Quartier !


No ville Joerzéngte kënnt endlech nees e Buch iwwert d'Ënnerstied Pafendall a Sichenhaff eraus. D'Buch heescht "Kanner O Kanner" a gëtt vum Interesseveräin editéiert. En historesche Sträifzuch, Notizzen an Erënnerunge vun deemools, e fotografeschen Zäitvergläich, de Quartier vun haut a villes méi kann een op méi wéi 200 Säiten dra fannen. E Buch mat Häerz, Séil an ower och Fënsteren: Nämlech mat QR-Coden an "Enriched Reality" kann een op weider Dokumenter (Fotoen, Websäiten, Fichieren, Texter, asw.) zréckgräifen an domadder de Pabeier vum Buch mat der digitaler Welt verbannen (fir deen dee wëll). D'Buch koum am Hierscht eraus. E Must fir all Pafendaller a Sichenhaffer an all aner Geschichtsinteresséiert Leit! D'Buch ass elo esou gutt ewéi ausverkaaft (Mëtt Dezember 2020).


- avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché et de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte
- réalisé avec le concours du Fonds culturel national Luxembourg
- partie du programme officiel "25 ans Lëtzebuerg patrimoine mondial"

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire