jeudi 21 novembre 2024

De leschte Lakert huet ons verlooss

De Pier Liébaert, onse leschte Lakert, huet ons Enn Oktober 2024 fir ëmmer verlooss. Hien ass gebuer op der N° 15 an der Vaubansgaass, an deem selwechten Haus an deem och de Meeschter Laurent Menager gebuer gouf. Hien huet sech fir vill Veräiner iwwerall agesat an huet dee gréisste Schrotthandel vu Lëtzebuerg op d'Bee gesat. Iwwerall beléift fir seng Jovialitéit, huet hien ni en Heel doraus gemach fir d'Kultur vun de Lakerten um Liewen ze halen. R.I.P., Pier.



Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire