lundi 12 mars 2012

30 Joer Atelier Zeralda am Dällchen


Dënschdes de 6. März huet den Atelier Zeralda op eng flott Party invitéiert, wou bei Festrieden, Gesank an Danz, Iessen an Drénken un d'Ufäng vum Zeralda geduecht goufen. Geschwat hunn Marc Hengen, Präsident Caritas-Jeunes et familles, Claudia Barthels-Schroeder, Directrice, Fern Théato, Éirepresident vum Interesseveräin, d'Schwester Edith Jacobs, Initiatorin vum Projet Zeralda an Nico Meisch, Regierungsrot vum Familljeministère. Dossiersen, Facebook Kommentären a Projektioune vu Fotoen, hunn dat Ganzt ënnermoolt. Vill Erënnerunge goufen ausgetosch vu fréiere Mataarbechter an hiren deemoolege Kanner. Do konnt ee gesinn, wéi eng wäertvoll Aarbecht geleescht gouf an nach geleescht gët an esou déi wichteg Fonktioun vun däer Institutioun bewonneren. Mir wënschen dem Atelier Zeralda nach vill Joeren hei am Dällchen, am Déngscht vun onse Kanner, Awunner an der Integratioun. Bravo.


Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire